Wat ass Extraklass?
Extraklass ass déi nei national Plattform fir d’formell Bildung :
eng modern Vitrinn fir déi villfälteg Offeren an Aktivitéiten, déi vu Partner bannent an baussent de Schoule fir den Enseignement Fondamental an den Enseignement Secondaire ugebuede ginn.
All Partner gëtt no enger klorer Prozedur iwwerpréift a kritt en eegene Login. Domat kann e säin Espace Partenaire komplett autonom gestalten: eng Presentatiounssäit uleeën, Offeren an Aktivitéiten online setzen, Demanden traitéieren an all Interaktioune mat de Schoulen a mam Léierpersonal kloer a praktesch organiséieren. Alles op enger Plaz.
-
Hei fënnt all Léierpersoun genau déi Aktivitéit, déi si sicht, fir hire Cours nach méi extra ze maachen.
-
Mat all Aktivitéit, déi kloer op déi national Programmer zougeschnidden ass.
-
Ganz transparent a sécher, datt nëmme qualitativ héichwäerteg Offere vun zouverlässege Partner ugebuede ginn.
Wëllt Dir Deel vun dëser neier nationaler Plattform fir d’Bildung ginn?
Mellt Iech elo iwwer de Formulaire, fir Partner ze ginn!
Wielt Är Themeberäicher!
Op Extraklass fënnt een néng verschidden Themeberäicher. All Themeberäich weist cibléiert Partner an hier Offeren, déi an dësem Beräich ugebuede ginn. Dir kënnt Iech als Partner an insgesamt dräi Themeberäicher aschreiwen a sou är Offer och a verschiddenen Themeberäicher präsentéieren.
Wéi ginn ech Partner op Extraklass?
Fir kënne Partner op Extraklass ze ginn, musse verschidden Etappen agehale ginn:
-
Mellt Iech iwwer de Formulaire „Partner ginn“.
-
Ären Dossier gëtt kontrolléiert. Wann all d’Krittären erfëllt sinn, gitt Dir Partner.
-
Fëllt Ären Espace Partenaire.
-
Profitéiert online vun 1:1-Rendez-vousen, fir Äntwerten op spezifesch Froen iwwert den Espace Partenaire ze kréien.