Partner

Wann ech wëll Partner ginn, muss ech mech iwwert de Formulaire „Partner ginn“ umellen, fir eemoleg kontrolléiert ze ginn. Ech gi meng Donnéeën un a kréien duerno eng E-Mail mat weideren Informatiounen. Meng Donnéeë gi vum SCRIPT iwwerpréift. D’Decisioun, ob ech als Partner ugeholl gi sinn, kréien ech per E-Mail matgedeelt.

Fannt d’détailléiert Prozédur hei am Detail: https://extraklass.webdev.lu/wp-content/uploads/2026/03/Procedure-de-selection.pdf

E Partner ass „Extraklass Partner“, wann en sech offiziell iwwert dës Plattform ugemellt huet an sech engagéiert, iwwerpréift ze ginn an eng Rei Reegelen anzehalen.

Prinzipiell ka jidderee Partner ginn, deen eng pedagogesch Offer fir Lëtzebuerger Schoulen ubitt. Dës Offere mussen déi festgeluechte Qualitéitskrittären erfëllen. Als Partner engagéiert ee sech, d’Charte des intervenants dans le milieu scolaire ze applizéieren.

All Partner ass verpflicht de Formulaire „Partner ginn“ auszefëllen an op Nofro verschidden Dokumenter ze ënnerschreiwen an eranzereechen. Fir weider Informatioune kann ee sech iwwert de Kontaktformulaire mellen.

Just Extraklass Partner kënnen Offeren op der Plattform ubidden. Fir als Partner ugeholl ze ginn, klickt op de Formulaire „Partner ginn“.

Nee. All Offere fir d’Schoulen, déi vun engem Partner ugebuede ginn, mussen op der Plattform gewisen a gebucht ginn.

Nee. Offere kënne just duerch Extraklass Partner ugebuede ginn.

Jo. All Partner kritt Accès op en Espace Partenaire, wou e seng eegen Demandë an Offere ka geréieren.

Hëllefsmaterial gëtt am Espace Partenaire zur Verfügung gestallt, nodeems ee sech ugemellt huet.

Bei Froe kann ee sech iwwert de Kontaktformulaire mellen.

All Ufro gëtt no den Informatiounsronnen mam Direkter vum SCRIPT traitéiert.

Den Enseignement Fondamental ass a véier Cyclen organiséiert:
• De Cycle 1 betrëfft d’Spillschoul a riicht sech u Kanner am Alter vu 4 bis 5 Joer (oder vun 3 Joer un op fräiwëlleger Basis).
• D’Cyclen 2-4 entspriechen der Primärschoul.
• De Cycle 2 ass fir Kanner am Alter vu 6 bis 7 Joer.
• De Cycle 3 ass fir Kanner am Alter vun 8 bis 9 Joer.
• De Cycle 4 ass fir Kanner am Alter vun 10 bis 11 Joer.

Den Enseignement Secondaire kann a Classes inférieures a Classes supérieures opgedeelt ginn. D’Classes inférieures entspriechen der 7e, 6e a 5e; d’Classes supérieures sinn d’Klasse 4e bis 1ere.

Dës ginn ab der Rentrée 26/27 verëffentlecht