You(th) Start Entrepreneurial Challenges si kleng a gréisser Erausfuerderungen an e wichtegt Element am Projet vun de Sustainable Entrepreneurial Schools. Si verstinn d’Léieren als ganzheetleche Prozess a kënne fächeriwwergräifend agesat ginn. Duerch d’Participatioun un den Challengë gëtt den entrepreneurial mindset an den nohaltegen a soziale Gedanke gestäerkt an d’Kooperatioun tëscht deene Jonke gefuerdert.

D’Challengë sinn Aktivitéiten, déi den Enseignanten zur Verfügung stinn, fir se direkt am Cours ëmzesetzen.

Fir all Alterstranche sinn Challengen dobäi:

  • A2 = 10-14 Joer (7ième – 6ième/ division inférieure)
  • B1-B2 = ab 15 Joer (5ième – 1ère/ division supérieure)

Duerch verschidden Aufgabe gëtt d‘Eegeninitiativ, d’Motivatioun, d’Innovatiounsfäegkeet  an d’Selbstvertraue gestäerkt an Theeme wéi Nohaltegkeet an d’Implikatioun an der Gesellschaft ofgedeckt.

D’Challengë sinn a 6 verschiddene Sproochen hei accessibel:

Dir sidd Enseignant(e)...

… an de Sproochen:  All d’Challengë sinn op Däitsch, Franséisch an Englesch zougänglech. Duerch Challengën wéi de Storytelling Challenge oder den Hero Challenge kënnen déi sproochlech Kompetenze gefërdert ginn.

.. an de « Sciences Economiques »:  De Lemonade Stand Challenge kann zum Beispill an d’Gestiounscoursen integréiert ginn. Aner Challenge wéi den Entrepreneurial Design-B1, de Real Market Challenge-Core Business Plan-B2, oder  de Storytelling Challenge-Elevator Pitch-B1 kënnen am Kontext vun de Mini-Enterprisen oder an Optiounen agesat ginn.

… am Sport: Kuckt Iech den Extreme Challenge un!

… an der Konscht: Den Trash Value Challenge kéint Iech interesséieren.

… an der Geographie: Loosst Är SchülerInnen eng Rees plange mam My Personal Challenge.

Dir sidd Deel vum Service educatif?

Fir d’Schoulcommunautéit ze stäerken eegenen sech den:

Fir d’Perséinlechkeetsentwécklung passen Challengen ewéi:

Wann Dir Hëllef braucht fir e passenden Challenge fir Är Klass oder Äert Fach ze fannen, zéckt net Iech via de Kontaktformulaire oder via entrepreneurship@script.lu ze mellen.