De „Musée d’Histoire[s] Diekirch“ huet am Joer 2011 seng Diere fir de Publik opgemaach a bitt säit deem dem Visiteur eng kleng Zäitrees duerch d’Geschicht vun Diekrich un. Prähistoresch Artefakte, réimesch Iwwerreschter, eng mëttelalterlech Krypta, Dokumenter aus der Neizäit, Temoignagen aus der Industrieller Revolutioun an aktuell Thematiken … all dës Saache kann een a fënnef Säll betruechten. Nieft dem Musée ass d’Kulturhaus ee wichtege Part an dem all Mount eng aner thematesch Ausstellung oder eng Ausstellung vu lokalen, regionalen oder internationale Kënschtler gewise gëtt.
Natierlech därf déi pädagogesch Vermëttlung net feelen; si ass niewt dem Konservéieren a Studéieren vun eisem Patrimoine eng vun den Haaptmissiounen. Duerfir bidde mir flott Aktivitéite fir Schoulklassen (Primaire a Secondaire) un, déi eis Visiteuren – egal ob grouss oder kleng – op eng historesch-thematesch Rees duerch de Musée féieren.
Zousätzlech gi reegelméisseg Bastel-Workshops no der Schoul a Gebuertsdeeg fir Kanner am Musée ofgehalen .

  • Adresse
    13, rue du Curé
    L-9217 Diekirch
  • Art der Einrichtung
    Deel vun der Administration communale
  • Website