Den Naturmusée spillt säit iwwer 35 Joer eng zentral Roll an der Wëssenschaftsvermëttlung zu Lëtzebuerg. Kanner a Jonker kënnen hei d’Natur an d’Wëssenschaft mat alle Sënner entdecken an erliewen.

Esou kënnen d’Schoulklassen un themateschen Aktivitéite queesch duerch déi verschidde Säll vum Musée deelhuelen. Egal ob et ëm Dinosaurier, Biodiversitéit oder d’Geschicht vun eisem Planéit geet, mat vill flottem Material an Aktivem maachen si sech op eng spannend an interaktiv Entdeckungsrees. Ob kleng Entdecker aus der Grondschoul oder eeler Schüler aus dem Lycée : et gëtt ausprobéiert, experimentéiert, proposéiert an diskutéiert. Duerch nei Programmer an Ausstellungen entwéckelt d’Offer vum Musée sech permanent wieder a passt sech un déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit wéi d’Biodiversitéitskriis oder och de Klimawandel un.

Säit Joren bitt den Naturmusée och eng villfälteg dezentraliséiert Offer un. Esou gëtt et eng Panoplie vu Wanderausstellungen, déi direkt an de Schoule kënnen opgeriicht ginn. Interessant ass hei sécherlech déi nei Ausstellung Into the Wild – Faszinatioun Wëllbeien, déi di grouss Diversitéit an déi entscheedent Roll vun de wëlle Beien zur Erhalung vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg beliicht.
Donieft kënnen d’Klassen och zesumme mat engem Wëssenschaftsvermëttler aus dem Musée op Entdeckungsrees ronderëm d’Schoul oder an en Naturgebitt goen oder ee vun deenen zwee Busser – de Natur Mobil an de d’Science Mobil – wéi och de Wanderplanetarium kann kënnen direkt an oder bei de Schoulen opgeriicht ginn.

Ressources