Yoga mécht staark – Entdeck de Superheld/d‘Superheldin an dir
-
Cycle / KlassCycle 1, Cycle 2, Cycle 3, Cycle 4
-
SproochenLU
De Projet “YES – Yoga a Entspanung an der Schoul” huet zum Zil, d’Schoulkanner an hirer physescher, mentaler an emotionaler Entwécklung z’ënnerstëtzen. Konzentratioun a Kreativitéit ginn duerch Beweegung a Yoga-Positioune stimuléiert, wärend d’Kierperbewosstsinn gestäerkt gëtt. Zousätzlech bidde Relaxatioun a Momenter vun Achtsamkeet dem Geescht an dem Kierper eng kuerz Paus, wat de Kanner nei Motivatioun fir de Rescht vum Dag gëtt.
E gesonde Wiessel tëscht kierperlecher Aktivitéit an Entspanung ass wesentlech fir en ausgeglachene Schouldag.
De Projet ass am transversalen Themefeld vun der kierperlecher, geeschteger a social-emotionaler Gesondheet (Éducation à la santé physique, mentale et socio-émotionnelle – bien-être, résilience) vum Plan d’Etudes verankert.
Zousätzlech zu den Interventiounen an de Schoulen, déi ënnert den Offeren ze fanne sinn, bitt de YES-Projet gëeegent Audio- a Videomaterial fir Enseignanten. Den Otemwierfel ass e weidert Material wat punktuell an de Klasse ka benotzt ginn. En erméiglecht de Schoulkanner, trotz ëmmer méi héije Stresssituatiounen, weiderhi léierfit ze bleiwen. Ausserdeem kann d’Weiderbildung “Méi Wuelbefanne fir Schoulpersonal, Schüler a Schülerinnen duerch Yoga an Entspanung” an “Yoga a Billerbicher” beim IFEN besicht ginn. Zum Zousazmaterial kënnt een ënnert “Nëtzlech Links”.
reegelméisseg kommen nei Videoen derbäi
https://vimeo.com/showcase/yesyoga
https://vimeo.com/showcase/10946745
https://vimeo.com/showcase/10780531
https://vimeo.com/showcase/12168482