Sproochen, Kommunikatioun a Multilittératie

Am Beräich Sproochen, Kommunikatioun a Multilittératie fënnt ee pedagogesch Offeren fir den Asaz an de Schoulen. Dës Offere sinn organiséiert vun ënnerschiddlechen Acteuren, déi sech fir d’Bildung engagéieren.

Schülerinnen a Schüler sollen duerch ënnerschiddlech Projete Freed um Liese kréien an Interessi un der Kommunikatioun an der kultureller Vilfalt entwéckelen.

Partner ginn

Als Partner proposéiert Dir Aktivitéiten, déi d’Freed um Liesen, d’Méisproochegkeet, d’Interpretatioun vun Texter an d’kritescht Liesen erméiglechen. Är Offeren encouragéiere respektvoll a beräicherend interkulturell Austauschformen.

Är Offer dréit dozou bäi, de kritesche Geescht vun de Schülerinnen a Schüler ze entwéckelen, besonnesch duerch d’Analyse vu Medieninhalter an d’Formuléiere vu begrënnte Meenungen.

Dir proposéiert multimodal Projeten, déi et de Schülerinnen a Schüler erlaben, kreativ an ënnerschiddleche Situatiounen ze kommunizéieren, andeems si verschidde Medie a Kommunikatiounsforme benotzen.

Falls Är Aktivitéiten dëse Critèren entspriechen, invitéiere mir Iech, Är Offer elo anzereechen an aktiv zu dëser edukativer Dynamik bäizedroen.

Du bass Grondschoulbibliothecaire?

Op der LearningSphere vum IFEN besteet e Réseautage tëscht Grondschoulbibliothecairen um «Espace d’échange – Grondschoulbibliothéiken».

Hei kënnen Enseignantë mat Decharge fir d’Bibliothéik hir Erfarungen austauschen an sech iwwer verschidden Theeme ronderëm d’Grondschoulbibliothéik austauschen.

Du bass scho Member? Konnektéier dech via IAM.

Du hues eng Decharge a wëlls Member ginn? Kontaktéier eis.