Musek, Danz & Theater an der Grondschoul
Applaus ass eng Initiativ vum SCRIPT fir d’Fërderung vun der Bünekonscht an der Grondschoul.
Iwwer de Site applaus.lu fannen Enseignanten net just eng grouss Datebank u pedagogesche Materialien aus de Beräicher Musek, Danz an Theater, mee d’Ekipp vun Applaus ass och mat villsäitegen Atelieren an de Schoulen ënnerwee a bitt Formatiounen un.
De Projet Applaus ass 2025 als Zesummeschloss aus den Initiativen mimamu (mir maache Musek) a makedra (Maach keen Drama) entstanen, déi scho säit ville Joeren an de Lëtzebuerger Grondschoule bekannt waren. Als gemeinsam Initiativ bitt Applaus also ganzheetlech an transversal Aktivitéiten, Projeten, Concoursen an Atelieren am Beräich Bünekonscht un an ass natierlech och op verschiddenen Evenementer mat engem Atelier vertrueden.