D’Europäescht Parlament ënnerhält an allen EU-Länner Verbindungsbüroen. Eise Büro zu Lëtzebuerg läit am Konrad-Adenauer-Gebai um Kierchbierg an ass den éischte Kontaktpunkt fir Bierger, d’Press an Acteuren um nationalen Niveau, déi méi iwwert d’Parlament oder d’Europäesch Unioun wësse wëllen. Mir koordinéieren och de Besicherzentrum „Erliefnes Europa“ – eng gratis, interaktiv Multimedia-Ausstellung iwwer d’Europäesch Unioun an hir Institutiounen. Do bidde mir reegelméisseg Atelieren, Rollespiller a Presentatioune fir (Schoul-)Gruppen un an organiséieren temporär Ausstellungen an Evenementer zum Thema Europa. 

Stickers